Paulette Lenert besicht d'United Nations Technology Innovations Lab a Finnland
Den 18. Dezember 2019, ass d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, a Finnland gereest fir den United Nations Technology Innovations Lab (UNTIL) zu Espoo.
Ënnerzeechnung vun engem delegéierte Kooperatiounsaccord tëschent Holland a Lëtzebuerg
No der Ënnerzeechnung vun enger Absichtserklärung tëschent der hollännescher a Lëtzebuerger Regierung de 6. Februar 2019 zu Den Haag, hunn d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an d'Birgitta Tazelaar, stellvertriedend Generaldirectrice fir d'international Entwécklungszesummenaarbecht vun Holland, en Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen.
Entwécklungshëllef: Regierungspolitik an Haaptmoossnamen
Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. Hire Schwéierpunkt läit op geziilte Partnerschaften a si baséiert op Grondprinzipie wéi Zouverlässegkeet, Engagement a Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Geescht vun der nohalteger Entwécklung.
Stratégies et orientations - 2012.