Asaz vun engem Member vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS am Katastrophegebitt an der Tierkei

Haut den Owend mécht sech een éischte Member vum "Humanitarian Intervention Team" (HIT) vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), een Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, am Kader vun enger humanitärer Missioun op de Wee an d'Äerdbiewegebitt an d'Tierkei. Am Kader vun der Partnerschaft mam IHP-Reseau (International Humanitarian Partnership), an deem de CGDIS Member ass, ënnerstëtzt den Expert d'"Emergency Response Team" vum "United Nations Disaster Assessment and Coordination" (UNDAC) System am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (ICT). Dës Ekippen, déi an der éischter Phas vun enger Noutsituatioun agesat ginn, bewäerten ënner anerem de Besoin un internationaler Hëllef a koordinéieren d'Ënnerstëtzungs- an Hëllefsmoossnamen op der Plaz.

Den HIT intervenéiert bei schwéiere Katastrophereegnesser ausserhalb vum Lëtzebuerger Territoire op Consigne vun der Regierung an op Ufro vun engem oder verschiddene betraffene Länner oder am Kader vun internationalen Hëllefsleeschtungen. D'UNDAC-Ekippe gi vum Büro vun de Vereenten Natioune fir d'Koordinatioun vun humanitären Affären (OCHA), engem laangjärege Partner vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht, geleet a kuerzfristeg weltwäit agesat fir déi international humanitär Hëllef ze koordinéieren a schnell Evaluatiounen duerchzeféieren.

Mam Expert vum CGDIS gëtt een éischten Dispositif vun der mobiller Satellittekommunikatiounsplattform "emergency.lu" agesat, fir den Opbau vun den Telekommunikatiounsdéngschter an der Regioun ze ënnerstëtzen.

emergency.lu ass eng mobil Satellittekommunikatiounsplattform, mam Haaptzil d'Kommunikatiounsmëttel (Internet, Voice) no enger Katastroph erëm opzebauen, d'Koordinatiounsbeméiunge vun den humanitären Organisatiounen op der Plaz ze ënnerstëtzen a soumat zur Rettung vu Mënscheliewen an humanitären Noutsituatioune bäizedroen. Et handelt sech heibäi ëm eng ëffentlech-privat Partnerschaft tëschent der Lëtzebuerger Regierung an dräi Lëtzebuerger Entreprisen (SES Telecom Services, Hitec Luxembourg a Luxembourg Air Ambulance SA). Lëtzebuerg stellt emergeny.lu als gratis globaalt ëffentlecht Gutt fir d'humanitär Communautéit zur Verfügung. Déi selwecht Zerwisser ginn der Populatioun an de Regierunge vun de betraffene Länner ugebueden.

Communiqué vum Inneministère / Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten / Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) 

Aktualiséiert