Rechtlech Aspekter

Allgemeng Notzkonditiounen (CGU) fir de Site

Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d'"Servicer" genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet d'Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen allgemengen Notzkonditiounen zur Kenntnes geholl an akzeptéiert se.

Mat "Organ" gëtt d'ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d'Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, dat eleng oder zesumme mat anere verantwortlech ass fir dëse Site.

Dem Benotzer seng Flichten

Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De Benotzer deklaréiert, datt hien d'Risiken heivu kennt an akzeptéiert. Hie muss sech virun den Auswierkunge vu Softwarepiraterie schützen, andeems e fir eng ugepasst a sécher informatesch Konfiguratioun suergt.

De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de Benotzer op dësem Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat sengem Surfen um Site an dem Benotze vun de Servicer, gradesou wéi a Verbindung mat den Internetsitten, op déi um Site verwise gëtt.

D'Benotze vum Site ass gratis.

Gestioun vun de Cookien

Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten, etc.).

Si gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visitt erëmzëerkennen. D'Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal d'Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer bis 1 Mount nom Enn vun der Sessioun erhalen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d'Erlaabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d'Wiel, fir d'Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d'Cookië weder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn (steet an der Charte vun de Cookien).

D'Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d'Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d'Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

Ännerung vum Site

De Lëtzebuerger Staat behält sech d'Fräiheet vir, dëse Site, ouni Ukënnegung am Viraus, weiderzëentwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi Maintenance, Update oder wéinst all anerem Motiv, dat néideg ass.

Et ass wichteg ervirzesträichen, datt de Lëtzebuerger Staat zu all Moment all Informatiounen oder en Deel dovun, déi op deem Site gewise ginn, gradesou wéi Servicer, déi ugebuede ginn, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi präzis duerstelle kann. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.

Allgemeng Verantwortungsaschränkungen

De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzëerhalen. Allerdéngs kéint de Staat net responsabel gemaach ginn, wann de Site fir eng Zäit oder ganz géif ausfalen.

De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem.

De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzëerhalen.

De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem. Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.

De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, datt d'Daten op dësem Site, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, esou exakt wéi méiglech sinn. Am Fall wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung gëtt, Ongenauegkeeten oder Lücken an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer, kéint de Staat awer net responsabel gemaach ginn. Effektiv ass d'Zil, fir richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Lëtzebuerger Staat kéint awer net all Risiko fir en inhaltleche Feeler vermeiden. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder stellt en Engagement vum Lëtzebuerger Staat duer. D'Verbreedung an d'Iwwersetzungen dovun dénge just fir Informatiounszwecker. Verbindlech si just d'Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn. D'Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D'Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.

Verantwortungsaschränkung vum Site

Dëse Site ass ausdrécklech net responsabel fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:

  • E Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Equipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum User oder vun Drëttpersounen;
  • Eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum User oder enger Drëttpersoun kënnt an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
  • Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum User oder enger Drëttpersoun;
  • En eventuelle Mangel u Verfügbarkeet oder e schlechte Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker;

Linken op extern Sitten

Am Sënn vum Benotzer sinn op dësem Site Linken op aner Sitten ze fannen, déi nëtzlech kéinte fir e sinn oder e kéinten interesséieren. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dat verantwortlecht Organ kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. Deemno kéinten se net responsabel fir d'Inhalter vun dësen Internetsitte gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Genauegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.

Intellektuelle Besëtz

De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d'Informatiounen an d'Servicer sinn iwwer d'Gesetzer zum intellektuelle Besëtz an zu den Auteursrechter geschützt.

Wann net anescht festgehal, bewëllegt de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung fir d'Rechter vum intellektuelle Besëtz, déi hie fir dëse Site, seng Elementer oder d'Servicer huet. Zousätzlech gëtt et, ouni d'schrëftlech Erlaabnes vum verantwortlechen Organ, keng Geneemegung, fir Informatiounen oder Servicer, ganz oder partiell, ënner wat fir enger Form an op wat fir eng Manéier och ëmmer, ze reproduzéieren.

Wann net anescht festgehal, däerf de Benotzer d'Dokumenter an déi verfügbar Informatiounen zu de folgende Konditioune kucken, eroflueden an drécken:

  • D'Dokumenter däerfen nëmme fir de perséinleche Gebrauch, zur Informatioun an an engem reng private Kader benotzt ginn;
  • D'Dokumenter an d'Informatiounen däerfen op keng denkbar Manéier verännert ginn;
  • D'Dokumenter an d'Informatiounen däerfen net ausserhalb vum Site verbreet ginn.

Déi grad beschriwwe Rechter, déi Dir implizit oder explizit kritt, gëllen am Kader vun enger Notzerlaabnes a sinn op kee Fall eng Iwwerdroung vu Rechter, vu Besëtz oder Ähnlechem op dësem Site.

Ännerung vun den allgemengen Notzkonditiounen

Déi gülteg allgemeng Notzkonditioune kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg gesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Notzkonditiounen um Site ze informéieren an hie soll sech bewosst sinn, datt just déi aktuell online Versioun als déi gëllt, déi a Kraaft ass. Et ka sinn, datt vun enger Visite um Site zu enger nächster déi besonnesch allgemeng Notzkonditioune geännert hunn an et ass dann um Benotzer, fir déi lescht Ännerunge virun enger neier Visite um Site ze liesen.

Uwendbart Recht a kompetent Geriichtsbarkeet

All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d'exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

Allgemenges

D'Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum "Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données" verschafft.

Well de Lëtzebuerger Staat ausser, aus Sécherheetsgrënn, den IP-Adressen aus de Server-Loggen, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.

De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

De Benotzer ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Verantwortlechen, deen an dësem Fall dat verantwortlecht Organ vum Site ass. De Benotzer kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë vum Organ iwwer d'Mailadress: dataprotection@sip.etat.lu areechen. De Benotzer kann sech doriwwer eraus fir all Rechtssträit an deem Beräich un d'national Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux ).

Kontaktformulaire vum Site

D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ verschafft, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.

Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.

Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt d'Organ op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat.

Zougrëff op Är Donnéeën huet d'Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Verschaffe vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.

Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).

Verschaffe vun Date bei der Gestioun vun der Newsletter

D'Mailadress, déi Dir bei der Umeldung fir d'Newsletter-Abonnement op dësem Site uginn hutt, gëtt nëmmen aus Verdeelungszwecker fir d'Newsletter un en Zouliwwerer weiderginn, an dësem Fall d'Firma « Mailjet » mat Sëtz zu Paräis, a Frankräich, déi deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat den Dateschutz mat perséinlechem Charakter ubelaangt. Fir de Mëssbrauch ze begrenzen, muss de Benotzer seng Aschreiwung validéieren, andeems en op e Link klickt, deen un d'Mailadress geschéckt gëtt, déi uginn ass.

De Benotzer kann d'Newsletter zu all Moment ofbestellen, entweder iwwer e Link, deen an all E-Mail steet, oder andeems en dat verantwortlecht Organ vum Site kontaktéiert. D'Donnéeë vum Benotzer ginn net méi laang gehal, wéi hie fir d'Newsletter ageschriwwen ass.

De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

Verschaffe vun Date bei der Miessung vun Aschaltquoten

Gewëssen Donnéeën iwwer d' Material an d'Software vum Benotzer, mat deenen een hien net identifizéiert kritt, gi während senger Visite um ëffentleche Site gesammelt. Dës Sammlung huet als eenzegen Zweck, fir eng Heefegkeetsstatistik kënnen opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun, asw.), fir de Benotzer nach besser kënnen ze déngen.

Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt a kengem Fall versuergt. Well nëmmen en Deel vu der IP-Adress fir global Statistike versuergt gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, fir de Benotzer ze identifizéieren.

Dës Donnéeë ginn an Europa versuergt an ënnerbruecht iwwer eng Léisung vun engem Zouliwwerer, an dësem Fall d'Firma Adobe Systems Inc., deen deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, an dëst fir de Fall, wou esou Donnéeën an Zukunft sollte gesammelt ginn.

D'Donnéeë ginn net méi laang versuergt, wéi et Zäit brauch, fir d'Entwécklung vun den Aschaltquoten ze beobachten, wat ofhängeg ass vun der Entwécklung vun de Browseren, vun de benotzten Opléisungen a vun anere verfügbare statisteschen Donnéeën.

De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

Verschaffe vun Date bei online Ëmfroen

Donnéeë vun de Benotzer ginn, op fräiwëlleger Basis, reng zu Ëmfrozwecker fir d'staatlech Administratioune gesammelt. Ausserdeem ginn zu gläicher Zäit technesch Donnéeë fir d'Miessung vun Aschaltquote gesammelt.

D'Donnéeë ginn esoulaang gehal, wéi d'Ëmfro dauert, plus e puer Wochen, fir d'Resultater statistesch kënnen auszewäerten.

Dës Ëmfroe ginn direkt um Site vun engem Zouliwwerer gemaach, an dësem Fall surveygizmo, vun der Firma Widgix Limited, déi hire Sëtz an Amerika huet. D'Donnéeë ginn awer an Europa versuergt. Wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, ënnerläit och déi lescht genannt Firma deeneselwechte gesetzleche Flichten, well d'Ëmfroe bestëmmt si fir Benotzer aus der Europäescher Unioun, an och do vun hinnen ausgeféiert ginn.

D'Prozedure fir d'Ëmsetze vun dësen Ëmfroe sinn esou ausgeriicht, datt keng Donnée et erlaabt, de Benotzer als Persoun kënnen ze identifizéieren. D'Kombinatioun vun Donnéeë vun techneschen Identifianten (IP-Adress oder Informatioun zum Browser oder zum Computer vum Benotzer), an/oder deene vu méi Ëmfroen, erlaabt et dem Zouliwwerer, deen d'Plattform bedreift, net, fir een ze identifizéieren.

De Verantwortleche fir d'Verschaffe vun Daten an den Empfänger vun den Donnéeën ass dat verantwortlecht Organ vun dësem Site, dat d'Ëmfro ugefrot huet.

Präsenz an de sozialen Netzwierker

Moderatiounspolitik

All Benotzer, deen der Gemeinschaft vun dësem Site an de sozialen Netzwierker bäitrëtt, engagéiert sech, fir all Form vun Diskriminatioun op der Säit ze loossen, sief et opgrond vun der Rass, der Hautfaarf, der Relioun, dem Geschlecht, der sexueller Orientéierung, dem Alter, der nationaler Ofstamung, der Behënnerung, dem Familljestand oder och nach dem beruffleche Status.

Beleidegend, rassistesch, sexistesch oder verletzend Äusserungen hu keng Plaz an de sozialen Netzwierker. Si gi geläscht a gemellt.

Sproochen

An de sozialen Netzwierker kommunizéiert dëse Site haaptsächlech op Franséisch. Jee no Situatioun an Zilgrupp kënnen Informatiounen an deenen zwou aneren Nationalsproochen an op Englesch verbreet ginn.

Am Beräich vum Méigleche gëtt op all Fro/Commentaire an der Sprooch vum Benotzer geäntwert.

Aktualiséiert