D'Direktioun

Logo vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenarbescht an humanitär Aktioun

D'Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht and humanitär Aktioun

Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. Zanter 2009 investéiert de Grand-Duché 1% vum Bruttonationalakommes (BNA) an d’Entwécklungshëllef. Esou zielt d’Land zu deene fënnef éiergäizegsten entwéckelte Wirtschaften an dësem Beräich. Mam Schwéierpunkt op geziilt Partnerschaften, baséiert sech d’Lëtzebuerger Kooperatioun op Grondprinzippie wéi d’Zouverlässegkeet, den Engagement an d’Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Zeechen vun der nohalteger Entwécklung.

Am Hibléck op Effikassitéit an Impakt féiert d’Kooperatioun eng gezilt Interventiounspolitik an enger begrenzter Unzuel vu Partnerlänner.

D’geografesch Choixe vun der Lëtzebuerger Kooperatioun gi gemaach op Basis vum Index vun der mënschlecher Entwécklung vum Programm vun de Vereenten Natiounen fir d’Entwécklung, esou wéi ënner Berécksiichtegung vun enger regionaler Approche an och vun Krisesituatiounen. Esou realiséiert Lëtzebuerg méijoreg Kooperatiounsprogrammer, déi sougenannt "Programmes indicatifs de Coopération" (PIC), an dat mat sechs "Partnerlänner", vun deene fënnef a Westafrika leien, an ënnerstëtzt och Projeten a siwen anere Länner, déi sougenannt "Projektlänner".

Prioritär Interventiounsberäicher vun der Kooperatioun sinn d’Educatioun, an domat d’berufflech Ausbildung an Aféierung, d’Gesondheet an d’lokal Entwécklung.

Aktualiséiert