Lëtzebuerger Humanitärhëllef fir d'Tierkei: Zweet Sendung vun Hëllefsgidder an d'Katastrophegebitt

Am Kader vun der humanitärer Äntwert vu Lëtzebuerg no den Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien, ass en zweete Vol mat Hëllefsgidder haut de Moien a Richtung Tierkei gestart. Mat dëser Aktioun, déi vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun vum Aussen- an Europaministère (MAEE) koordinéiert gouf, huet Lëtzebuerg op eng Demande vun der tierkescher Regierung reagéiert fir d'Leit an den Äerdbiewegebidder mat Hëllefsgidder z'ënnerstëtzten. Zur Erënnerung: en éischte Vol mat Hëllefsgidder war den 22. Februar gestart.

©MAEE Illustration
Illustration

D'Done bestinn aus 4 000 Schlofsäck, 2 000 Hygiène-Kitten an 12 elektresch Generatore fir e Gesamtwäert vu 500 000 Euro, déi vun der d'Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun zur Verfügung gestallt goufen esou wéi och en Don vu 50 Transportkëschte fir Medikamenter a Blutttransfusioune vun der lëtzebuergescher Entreprise B Medical Systems.

D'Spende gi mat engem Charter-Fluch vun der nationaler Fluchgesellschaft Cargolux transportéiert, dee vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun a vun der europäescher Unioun kofinanzéiert gouf.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère a vun der Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun

Aktualiséiert